Mëttellaangt Flichtgebiet (#14312)

*All Dag moies, mëttes an owes ze soen.

*Deen, dee biede wëll, soll sech d’Hänn wäschen, an iwwerdeems e se wäscht, soll e soen:

99
Maach meng Hand staark, o mäi Gott, fir datt si sech esou fest un Dengem Buch kann unhalen, dass d’Arméie vun der Welt keng Muecht iwwer si kréien. Hal si dann dovun of, fir sech mat iergend eppes ze befaassen, wat hir net zousteet. Du bass, wierklech, den Allmächtegen, de Stäerksten.

*An iwwerdeems e sech d’Gesiicht wäscht, soll e soen:

Ech hunn Dir mäi Gesiicht zougedréit, o mäin Här! Erliicht et mat der Luucht vun Dengem Ubléck. Hal et dann dovun of, sech iergend engem zouzedréien ausser Dir.

*Da soll en opstoen, an zur Qiblih* gedréit, soll e soen:

Gott ass Zeien, dass et keen anere Gott gëtt ausser Him. Seng sinn d’Räicher vun der Offen- barung an der Schëpfung. Hien huet, wierklech, Deen erschénge gelooss, deen d’Moiessonn vun der Offenbarung ass, deen um Sinai geriet huet, duerch deen den Héchsten Horizont un d’Liichte bruecht gouf, an den hellege Bam, iwwer deen een net erauskënnt, geschwat huet, an duerch deen de Ruff un all déi gaang ass, déi am Himmel an op der Äerd sinn: «Kuck, Deen, deem alles gehéiert, ass komm. Äerd an Himmel, Herrlechkeet an Herrschaft gehéiere Gott, dem Här vun alle Mënschen an dem Besëtzer vum Troun do uewen an heinidden op der Äerd!»

*Da soll e sech verneigen, d’Hänn op d’Knéie leeën a soen:

Héich stees Du iwwer mengem Luef an dem Luef vun iergend engem ausser mir, iwwer men- ger Beschreiwung an der Beschreiwung vun all deenen, déi am Himmel an op der Äerd sinn!

*Da soll en am Stoen, mat oppenen Hänn, mat den Handflächen no uewen an dem Gesiicht zougedréit, soen:

Enttäusch net deen, o mäi Gott, dee sech mat biedende Fangeren un de Som vun Denger Baarmhäerzegkeet an Denger Gnod geklamert huet, o Du, dee vun deenen, déi Baarmhäerzegkeet weisen, de Baarmhäerzegsten ass!

*Da soll e sech setzen a soen:

Ech sinn Zeie vun Denger Eenheet an Denger Eenzegkeet, an dass Du Gott bass, an dass et keen anere Gott gëtt niewent Dir. Du hues, wierklech, Deng Saach offenbaart, Däi Bond erfëllt an d’Dier zu Denger Gnod wäit opgemaach fir all déi, déi am Himmel an op der Äerd wunnen. Seegen a Fridden, Grouss an Herrlechkeet solle rouen op deenen, déi s Du gär hues, déi d’Ännerungen an d’Zoufäll vun der Welt net dervun ofgehal hunn, fir sech no Dir ze dréien, an déi alles hierginn hunn an der Hoffnung, dat ze kréien, wat bei Dir ass. Du bass wierklech Deen, deen ëmmer verzeit, de Ganzgeneréisen.

*Wann ee léiwer, amplaz vum laange Vers, dës Wierder wëllt soen:

«Gott ass Zeien, dass et keen anere Gott gëtt ausser Him, Deem, deen hëlleft a Gefor, Deem, deen duerch sech selwer ass.», da geet dat duer. An et geet och duer, wann een iwwerem Sëtze léiwer dës Wierder wëllt soen: «Ech bezeien Deng Eenheet an Deng Eenzegkeet, an dass Du Gott bass, an dass et keen anere Gott gëtt niewent Dir.»
 
* Punkt vun der Ubiedung, d.h. Bahjí, Akká

-Bahá'u'lláh
-----------------------

